PS-Formatioun (Kalenner a Status) (Umeldung)

Hei fënns Du déi aktuell Situatioun vun der PS-Formatioun an den Umeldungsformulaire.

Weekender an Aktivitéite fir perséinlech a spirituell Formatioun

Zur Formatioun vum 1. Zyklus (fir d'Ernennung als Assistent) gehéiert an alle Branchen déi perséinlech a spirituell Formatioun (PS-Formatioun). Hei hannendrun fënns Du deen aktuellen Kalenner a Status vun der PS-Formatioun am LGS-Joer 2009 / 2010.

 

D'PS-Weekender am LGS-Joer 2009 / 2010

Déi 4 PS-Weekender orientéiere sech un engem bestëmmten Thema.
D'PS-WEer zu Bilschdrëf, um Neihäischen an zu Réiser dauere vu samschdes 17.00 Auer bis sonndes 17.00 Auer.
Beim kierperlech méi ustrengende Nuets-WE si mir d'ganz Nuecht a klenge Gruppen ënnerwee. Well mir dotëscht net schlofe ginn, dauert e just vu samschdes 19.00 Auer bis sonndes moies 7.00 Auer.

 

Aner Méiglechkeete vu PS-Formatioun am Joer 2009 / 2010:

D'Aktivitéite mat engem * ginn no Ofsprooch mam Responsabel vun der PS-Formatioun duerch eng inhaltlesch Form vu Mataarbecht unerkannt (also fréi genuch mellen !):

  • Friddensliichtfeier * gëtt zesumme mat engem LGS-Grupp organiséiert (Umelle bis 01.10.2009).
  • Veillée / Pélé des jeunes: * zesumme mat engem LGS-Grupp gëtt eng thematesch Veillée um Virowend vum Pélé organiséiert; moies fréi geet et dann zu Fouss an d'Pélésmass.
  • Mass / Pélé des jeunes: * Mataarbecht bei der Pélésmass. Hei ass déi aktiv Partizipatioun bei der Virbereedung (eng Rei Owender virum Pélé) an Duerchféierung vun der Pélésmass gefrot.

 

Kalenner a Status (Situatioun 24. Januar 2010)

17.12.2009 Friddensliichtfeier zu Grousbus * 0 % eriwwer
16. / 17.01.2010 PS-WE zu Réiser 0 % eriwwer
06. / 07.02.2010 PS-WE um Neihäischen 36,11 % 36,11 %
06. / 07.03.2010 PS-WE zu Bilschdrëf 0 % fällt aus
24.04.2010 Veillée/Pélé des Jeunes zu Ettelbréck * 50 % 50 %
25.04.2010 Mass /Pélé des Jeunes * 0 % fräi
05. / 06.06.2010 Nuetsweekend bei Ettelbréck 30,56 % 30,56 %

Umelle kanns du dech

AttachmentSize
Umeldung PS-Formatioun 2009-2010.doc82.5 KB