![]()
Déi Beggener, well si fir de Concours "100% Natur" eng flott Konstruktioun mat Weiden um Neihaischen gemaach haten. Ausserdeem war hir Buerg net ellen !
Nei um Site
-
3 hours 49 min
-
4 hours 51 min
-
4 hours 52 min
-
1 day 6 hours
-
2 days 5 hours
Agenda
![]()
Dee Chef, dee Gamelle mat C vir an de Bréif geschriwwen hat. Sou hu seng AvEx eben eng Sucus oder eng Haribo mat op den Absurd Cup geholl!
All (Géige)propose op chefvunderwoch@lgs.lu oder gruppvummount@lgs.lu
22. World Scout Jamboree 2011 a Schweden: Live - Blog
02/08/2011
Den Jamboree ass elo voll am gaangen, a während eis iwwer 100 IST eng extremgutt Arabescht maache fir dass deJamboree fir eis Jonker eng Erfahrung fird'Liewe gëtt, si eis Participanten a Chef mam Programm am gaangen.Komm mir erziele kuerz doriwwer, de Programm besteet ausesou genannte "Moduler":The Quest of a Lifetime: Hei kënnen d'Participanten sechsportlech Challengë kombinéiert mat vill Aventure a flotte SpillerCity of People: hei gëtt méi iwwert d'Mënschheet, déi verschidde Kulturen aBraïch bäigeléierten an zesummen diskutéierefir wierklech "global citizens" zeginnGlobal Development Village: Hei stinn d'Schütze vun der Natur and'Entwécklungshëllef am Mëttelpunkt, dest gëtt begleed vun enger Abberzuel vunONGD déi an de verschiddenste Beräicher aktiv sinn. Och hei gëtt grousse Wärtop eng interaktiv an "involving" Pädagogik geluetDream: Dëst as eng Nuertsaktivitéit déi am Bësch ofgehalen get a woud'Participanten esou wuel physesch ewéi mental gefuerdert ginn.Our Home the Earth: hei stinn d'Spiller, d'Debaten an d'Aktivitéiten am Kadervun eiser Welt, se besser kenneléieren a besser schütze kënne gëtt hei groussgeschriwwen.Nieft de Modules ass de Camp in Camp an den Hike inCamp e groussen Programmpunkt, d'Participanten an hier Chef verloossende Camp fir an der schwedescher Natur op en Hike vun engem Daach zegoen oder mat enger skandinavescher Grupp e flotte Mini-Camp an der Naturze verbrengen. Déi éischt Unitéiten si vun dëser flotter Experienz zeréck opdemJamboree u komm.No 15:00 verwandelt de Camp sech an e grousse Festival vun de Spiller anAktivitéiten, déi dann all a vu jidderengem egal op wat fir engem Souscamp oderbei de nationale Stänn als esou genannten Spontanous Aktivities fräi no Loscht aWëlle kënne matgemaach oder ugebuede ginn, e wierklech interessant Konzeptwat ouni Zwang fonctionnéiert an och emol eng Zäit fir eng kleng Paus méiglechléisst.
31/07/2011
Eis iwwer 100 IST sinn elo schon eng Woch um Site a schaffe wierklech villfir dass den Jamboree e Succès gëtt. Eis LBSA ISTn si vu Kichen, iwwertAktivitéiten, dem Shop, Recycling, Info-Zenter, Media-Zenter a ville villen anereBeräicher um Camp ze fannen a si bei der Camp Direktioun bekannt fir hier gutta loyal Arabescht... Och wann d'Opdeelung vun den IST am Ufank wéinst engemtechnesche Problem méi ewéi chaotesch war hunn Si ëmmer eng gutt Laun anenge professionell Astellung bewisen. Hinnen hei och e grouss Merci, dir wéistwat Benevolat alles beweege kann.
28/07/2011
No deem mir all eis d'Zelter a Kichen opgebaut hun an eng Kéier iwwert déiriseg Campplatz getrëppelt sin fir an dëser "Stad" vu bal 40.000 Leit an engemDuerchmiesser vun iwer 6 km eis e bessen ze orientéiere war den Owend déigrouss Erëffnungszeremonie. Et war eng ganz flott Féier mat vill Musek anAnimatioun, d'Präsenz vum Bear Grylls, dem Chief Scout aus de UK a ganzbekannten Aventurier huet zur Stëmmung bai gedroen. D'Minute de Silence,de "Blop" Weltrekord an d'Scout-Promise déi vu 39.000 Scoute mateneen ernéiertgouf ware wou déi méi emouvant Momenter an der Arena. D'Camp Lidd and'Féier Show um Enn hun op hierer Sait fir Stëmmung gesuergt an e richtegeFestival-Feeling. Mir freeën eis all schon op déi nächst zwou Manifestatiounenan der Arena, déi eenzeg 3 Events wou een déi grouss Mass u Scouten all bei eneen gesäit. Den Tun an d'Mimi déi de Lëtzebuerger Fändel an d'Arena gedroenhu kënnen iech do nach bestëmmt méi erzielen, wat dat fir e grousst Gefill mussgewiergt sinn.
26/07/2011
Dës Woch ass et esou wäit, no enger laanger Préparatioun vun engem Joermaachen sech iwwer 400 Guiden a Scouten vun den LGS an den FNEL op deWee op Schweden, wou dëst Joer den Jamboree ass.....Simply Scouting....esouwëllen eng 40.000 Guiden a Scouten aus 150 Länner an Territoiren weisen, watet haut heecht bei eis am Mouvement aktiv ze sinn. De lëtzebuerger Contingentass domat ee vun de gréissten, dee sech bis ewell op en Jamboree déplacéierthuet. Schwéierpunkten um Camp a Schweden sinn d'global Entwecklung, Natur aninternational Frendschaften.












