![]()
Déi Beggener, well si fir de Concours "100% Natur" eng flott Konstruktioun mat Weiden um Neihaischen gemaach haten. Ausserdeem war hir Buerg net ellen !
Nei um Site
-
3 hours 46 min
-
4 hours 49 min
-
4 hours 50 min
-
1 day 6 hours
-
2 days 4 hours
Agenda
![]()
Dee Chef, dee Gamelle mat C vir an de Bréif geschriwwen hat. Sou hu seng AvEx eben eng Sucus oder eng Haribo mat op den Absurd Cup geholl!
All (Géige)propose op chefvunderwoch@lgs.lu oder gruppvummount@lgs.lu
Chalet "Nicolas Rollinger" um Neihaischen
Zënter méi wéi 50 Joer ass de Centre de Formation et d’Animation "Chalet Nicolas Rollinger" mat senger Kapell, senger Campplaz vu 50 Ar a sengem Scoutsbësch vun 3 ha mam Native Village en nationale Formatiouns-, Animatiouns- an Ëmweltzenter am Déngscht vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten.
D'Neihaischen läit manner wéi 10 Km vun der Stad Lëtzebuerg wech an de Chalet läit baussent der Uertschaft laanscht de Bësch. Mat der Buslinn 144 Lëtzebuerg-Gare-Neihaischen, vun der Tréirer Autobunn aus (Sortie Cargozenter) oder mam Zuch Lëtzebuerg-Waasserbëlleg (Arrêt Gare Mënsbech) ass de Chalet liicht ze fannen.
De "Chalet Nicolas Rollinger" ass en agrééierte Centre d’Hébergement, dee mat den nationalen Normen an Standarde fir Hygiène a Sécherheet konform ass.
81 Better, 8 Dortoiren an Sanitären op den zwee Stäck, 2 Säll fir Aktivitéiten, Sanitären an eng professionnell Kichen um Rez-de-Chaussée, Duschräim, Garage a Killzell am Keller kënne vu Guiden- a Scouts-, respektiv Jugendgruppen, Schoulklassen a Privatvereenegunge gelount ginn.
D'Kapell ka separat oder mam Chalet gelount ginn. D’Campplaz ass mat Sanitärcontaineren, dem "Gilwel-Schapp" an engem Woodstock fir Konstruktiounsholz ausgerüst a kann ouni de Chalet gelount ginn.
D'Lëtzebuerger Guiden- a Scouten A.S.B.L., respektiv hiere Comité Neihaischen ass de bénévole Propriétaire-Gestionnaire vum Centre de Formation et d’Animation "Chalet Nicolas Rollinger".
Reservatiounen
Kontaktéiert w.e.g. de Büro vum Centre de Formation et d‘Animation "Chalet Nicolas Rollinger":
1 rue Principale
L-5290 Neihaischen
Grand-Duché de Luxembourg
Tel: (+352) 35 76 45
Fax.: (+352) 26 35 21 66
Handy: (+352) 621 277 596
E-mail: tom.lahr@lgs.lu
Site Neihaischen
Méi Informatiounen um Internetsite: www.scotel.lu

- Printer-friendly version
- Login or register to post comments












