Methode an Ziiler

Fir all Jongen a Meedercher ...

... tëscht 6 an 23 Joer.



Bei den LGS ginn et Meederchersgruppen, Jongegruppen a gemëschte Gruppen. Och behënnert Kanner a Jugendlecher kënne matmaachen. Bei eis gëtt all eenzele Member a senger Individualitéit gestäerkt fir seng Plaz an der Gesellschaft ze fannen. Et gëtt net no Geschlecht, moralescher oder reliéiser Iwwerzeegung bewäert.

Et ginn am Land iwwer 60 Gruppe mat méi wéi 5500 Memberen. Mir gehéieren zu de Weltverbänn vun de Guiden a Scouten. Mat bal 38 Millioune Memberen ass de Scoutissëm/Guidissem dee weltwäit gréisste Jugendmouvement.

Learning By Doing

De Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten ass en erzéieresche Jugendmouvement, deen op ass fir jiddereen. Déi edukativ Aarbecht baséiert op den Iddien an der Method vum Grënner Lord Baden-Powell. D’praktescht Schaffen an d’Selwermaache sti virop. Esou kréien d’Kanner an déi Jonk Fäegkeeten a Wäerter vermëttelt mam Zil, eng konstruktiv Roll an der Gesellschaft ze spillen.

Ask the boy / the girl

Progressiv Matbestëmmung gëtt grouss geschriwwen. D’Kanner a Jugendlech decidéiere selwer, ënnerstëtzt duerch hier Chef/tainen, wat si ënnerhuele wëllen. Et gëtt a klengen Equipe geschafft, wou jiddereen zu Wuert kënnt. Esou léiere si mat ze diskutéieren, am Grupp mat Aneren zesummen ze schaffen an no an no Verantwortung fir Anerer ze iwwerhuelen. Et geschitt keng Bewäertung an esou kann den Eenzelen ouni Leeschtungsdrock sech a sengem Rhythmus entwéckelen. Déi Jonk gi begleed vun erwuessenen a forméierte Chef/tainen, déi hir Aarbecht benevol duerchféieren.

Natur erliewen an international Frëndschafte liewen

D’Natur bitt net nëmmen de Kader vun eisen Aktivitéiten, mee d’Kenneléieren an de Respekt virun der Ëmwelt stinn am Mëttelpunkt.

Vill Wäert gëtt och op d’international Kontakter geluecht. D’Grondiddi heibäi ass: Mat gudde Frënn am Ausland gëtt ee méi räich an oppe fir Neits. Haaptzil ass a bleift de Fridden op der Welt. D’LGS sinn, nieft hiren traditionelle Guiden/Scoutsaktivitéiten, staark an der Entwécklungszesummenaarbecht engagéiert. Projeten an deem Beräich geschéien an Zesummenaarbecht mat der ONGD “Guiden a Scouten mat der 3. Welt”.