Déi Centser, well de komplette Grupperot op de Kanu kënnt!
Paddelen äh surfen op
Nei um Site
-
3 days 9 hours
-
3 days 9 hours
-
3 days 9 hours
-
3 days 9 hours
-
1 week 1 day
Agenda
![]()
De Ben Evol. Mir wäerten och gläich verrode, firwat.
All (Géige)propose op chefvunderwoch@lgs.lu oder gruppvummount@lgs.lu
De Logo vun den LGS
Ënnert Logo ass eist Symbol (Fleur de Lys-Kléiblat) zesumme mam Schrëftzuch “Lëtzebuerger Guiden a Scouten” ze verstoen.
Et ass wichteg, datt mir de Logo mam volle Numm gebrauchen.
Prinzipiell huet de Logo eng fräi Zone rondrem, daat heescht datt 1/8 vun der Breet, respektiv 1/4 vun der Héicht, näischt rondrem soll stoën.

Bei verschiddene Publikatiounen kann et interessant sinn, ze weisen datt eis Verband Member vun de Weltverbänn WAGGGS a WOSM ass. Dëst kënne mir relativ einfach mat folgende Logoen ereechen.

De Logo vum Grupp


De Logo kann dem Numm vum Grupp ugepasst ginn. De Fir d’éischt kënnt de Numm vum Grupp (Trade Gothic Bold Two) an dann de Numm vun der Uertschaft (Trade Gothic).
Fir déi national Equipen gëllt daat selwescht, hei steet d’Wuert Branche (Trade Gothic) virum Numm vun der Branche (Trade Gothic Bold Two).
De Grupp däerf natiirlech och säin eegene Logo hunn. Dëse kann deen offizielle Logo vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten awer net ersetzen. Bei offizieller Kommunikatioun, sollen dann déi zwee Logoen zesumme benotzt ginn.
Format
De Logo vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten existéiert a verschiddene Formen, déi je no Besoin kënnen agesat ginn.
En existéiert Faarweg a Schwaarz-Wäiss.
De Logo soll horizontal nët méi kleng wéi 40mm gebraucht ginn, well ee soss de Schrëftzuch net méi gudd erkennt.
Wann de Logo grouss gebraucht gëtt, muss en onbedengt an engem vektorielle Format verschafft ginn. De Logo an engem vektorielle Format (.ai, .eps, .pdf) fannt dir hei ënnen op dëser Säit.
De Logo op engem faarwegen Hannergrond

De Logo ass, wann den Hannergrond net wäiss ass, ëmmer wäiss hannerluegt (just d’Fleur de Lys-Kléiblat).
De Schrëftzuch ass blo, wann de Logo Faarweg ass; schwarz, wann de Logo schwarz-wäiss gebraucht gëtt. Op däischterem Hannergrond gëtt de Schrëftzuch am wäisse benotzt.
Ee puer Grondregelen

1. De Logo am Beschte nët op enger Foto gebrauchen
2. Hannert dem Logo muss dee wäisse Fong sinn
3. Dës Form vu Logo soll évitéiert ginn
4. De Contrast ass net grouss genuch, hei soll de Logo mam wäisse Schrëftzuch gebraucht ginn.
5. De Schrëftzuch huet déi falsch Schrëft. De Logo vun engem Grupp gëtt och net esou gebraucht.












