Fondatioun Lëtzebuerger Guiden a Scouten

Fondatioun "Guiden a Scouten am Déngscht vun de Jonken"

D'Fondatioun "Guiden a Scouten am Déngscht vun de Jonken", am Summer 2004 gegrënnt, soll dem Verband virun allem de Réck fräi halen, datt dee sech voll op déi allgemeng Ausriichtung an déi pedagogesch Aarbecht konzentréiere kann: d’Personal gëtt an Zukunft iwwer d’Fondatioun agestallt an d’Sekretariatskäschte sollen no an no ganz op de Schëllere vun der Fondatioun leien. Och de Projet "dGéisserei" gëtt vun der Fondatioun begleet an domat gi weder d’Aktivitéiten nach d’Finanze vum Verband duerch dëse Bau belaascht.

D’Fondatioun wäert awer och no an no versichen e Krees vu "Frënn vun den LGS" op ze bauen, déi de Mouvement ënnerstëtzen. Dës Weidere wäert d’Fondatioun den Opbau vun neie Gruppen a Projetë mat Jonken, déi manner favoriséiert sinn, ënnerstëtzen. D’Fondatioun kann och lokal Gruppe beim Bau vun hiren Infrastrukturen hëllefen.

D’Fondatioun gouf gegrënnt vun eiser Asbl, déi d’Demarchë gemaach huet an de «capital initial» opbruecht huet. D’Statute goufen de 6. August 2004 approuvéiert an den 20. August vum Notär enregistréiert.

D’Fondatioun finanzéiert sech aus dem Erléis vun hirem Kapital a Patrimoine, Donën a Subsiden. Donën un d’Fondatioun kënne vun de Steieren ofgesat ginn souwäit een am Joer en Total vun Donën iwwer 125,00 EUR noweise kann. D’Fondatioun léisst all Joer seng Konte vun engem «réviseur d’entreprises» kontrolléieren.

De Conseil d’administration vun der Fondatioun kann tëscht 5 an 11 Memberen hunn, woubäi de Commissaire général(e) vum Verband an de President(in) vun der Asbl «d’office» Member sinn.

AttachmentSize
Newsletter (November 2006)841.38 KB
Newsletter (Summer 2006)933.88 KB
Newsletter (Februar 2008)1.25 MB
Newsletter (Oktober 2009)717.58 KB