DGF

Hei fannt Dir Äntwerten op Dachs Gestallte Froën, am Engleschen och FAQ (Frequently Asked Questions) genannt. Wann Dir eng Fro hutt, déi hei net beäntwert ass, dann zéckt net, fir nozefroën.

Fir datt ëmmer nei an interessant Saachen op dësem Site publizéiert ginn; si mir op Äer Mathëllef ugewisen. Dir kënnt eis hëllefen, andeems Dir eis Artikelen, Photoën, Rapporten, an aner Informatioune schéckt, déi mir dann hei online setzen. Duerfir wir et ideal, wann dës Bäiträg schons op engem informatesche Support wieren, d.h. als Textfichieren, Grafikdateien, Excel's Tabellen, etc. Déi Saache schéckt Dir dann per E-mail un eise Webmaster, deen sech ëm de Rescht këmmert. Vergiesst och net fir derbäizeschreiwen wien Dir sidd a vu wéini un resp. bis wéini dëst sollt online sinn. Dat erspuert eis e ganze Koup Aarbecht.

Wann's du interresséiert bass "Reporter" fir de Site ze sinn, da mell dech op pr [at] lgs.lu.

Wann dir äere User an/oder äert Passwuert vergiess huet, da kënnt dir iech et hei nees ufroën. Gidd einfach äere Usernumm oder Email an a mir schécken iech dann e Mail mat neien uweisungen.

Fir ee Passwuert ze kréien, mat deem Dir op de Chef-Deel vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten kënnt goën, musst Dir entweder eng Ernennung hunn, oder als Stagiär am Verband gemellt sinn. Jiddfer Chef kann sech säin Login-Name selwer eraussichen, virausgesaat en ass net schon vun engem aaneren benotzt. Natiirlech kennt Dir och een eegent Passwuert auswielen. 

Dofir musst Dir folgend Demande ausfëllen, déi mir da mat de Lëschten aus dem Verband vergläichen. Ass Äer Demande a sinn Äer Informatiounen an der Rei, esou kritt Dir vun eis esou schnell ewéi méiglech eng Email geschéckt, wann den Accès aktivéiert ass.

Mir wëllen drop hiweisen, datt Dir dat Passwuert streng perséinlech musst halen, an et kengem anere weider gidd. Mir behalen eis duerfir och d'Recht, fir Äeren Accès zu all Moment ze blockéieren, wann Dir déi Konditiounen net anhaalt.