De Weltscout Ëmweltprogramm

-

De Weltscout Ëmweltprogramm (WSEP) offréiert Methoden, Ressourcen an Initiativë fir dass d’Scoute ronderëm d’Welt zesummen un enger verbesserter Natur an Ëmwelt, (lokal a global), schaffe kennen.

Ënnert desem Text fann dir all wichteg Dokumenter a Formulären fir den WSEP. D'WSEP-Info an WSEP-Methoder a Zieler w.e.g liesen, an iech umellen ier dir den Programm ufänft.

Wat sinn d’Ziler?

Dass d’Guiden a Scouten zesumme fir eng Welt schaffen an där:

  1. d’Leit an déi natierlech Systemer proppert Waasser an eng propper Loft zu Verfügung hunn. (Proppert Waasser a Loft)
  2. genuch natierlecht Ëmfält existéiert als Liewensfläch fir déi lokal Flora a Fauna (Eng Plaz fir all Planz an Déier)
  3. d’Unzuel un schiedleche Substanze fir de Mënsch an d’Ëmwelt minimiséiert ginn (Geforen duerch Gëftstoffer)
  4. déi als Bescht gëeegent Ëmweltpraktiken Uwendung fannen (Ökologesch Praktiken)
  5. d’Leit virbereet sinn op eng eventuell Naturkatastroph an d’Ëmweltrisiken (Naturkatastrophen an Ëmweltrisiken)

De Kader vum Weltscout Ëmweltprogramm an seng Badgë baséieren op de Prinzipien an den Zieler vum Scoutismus am Kader vun der Ëmwelterzéiung, eppes wat dem B.P. schon um Häerz loung. De Weltscout Ëmweltbadge steet all Guide a Scout vun all Alter zur Dispositioun an huert als Ziel fir d’Opmierksamkeet an perséinlech Responsabilitéit vis-à-vis vun der Ëmwelt vun de Guiden a Scouten auszebauen.

De Badge soll d’Guiden a Scouten encouragéiere fir sech mat der Ëmwelt ze verbannen, nozedenken ewéi mir besser mat, a méi am Sënn vun der Ëmwelt agéiere kennen a konkret Aktioune starte fir se ze schützen.

Method

Ee flotten a virun allem flexibele Programm dee fir Guiden a Scoute vun all Alter eng Unzuel u flotten an interaktiven Aktivitéiten ubitt fir iwwert d’Ëmwelt ze léieren, Aktioun ze huelen an herno mat der Remise vum “Weltscout Ëmweltbadge” ausgezeechent gëtt. Dës Aktivitéite kenne fräi vun der Chefekipp (oder der Trupp/Clan) am Kader vum Programm ausgeschafft ginn oder aus der Lëscht vu de fäerdegen Aktivitéiten erausgesicht ginn.

De Weltscout Ëmweltprogramm bei den LGS 

De Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten huet mam Weltscoutsverband (WOSM) een Konventioun ënnerschriwwe fir dass all d’Membere vun den LGS um Weltscout Ëmweltprogramm deelhuele kennen an dass mir als LGS d’Weltscout Ëmweltbadge un eis Membere verdeele kennen déi aktiv an der Branche um Programm am Kader vun der Ëmwelterzéiung deelgeholl hunn. 

De Programm riicht sech virun allem un d’Branchë Wëllefcher bis CaraPio, kann awer ouni weideres, no Upassung vun der Chefekipp, och bei Biber an RaRo ugewannt ginn:

Et gi weltwäit déi selwecht dräi Badgen, esou ass de Badge eng weltwäit Unerkennung, an een Zeeche vu Progressioun duerch d’ganz Guide- a Scoutscarrière:

  1. Ëmweltbadge mat bloem Rand  =  (Biber a) Wëllefcher
  2. Ëmweltbadge mat gréngem Rand = AvEx
  3. Ëmweltbadge mat moofem Rand = CaraPio (a RaRo)

Badger WSEP

Ausserdeem gëtt et fir den Ëmweltbadge mat moofem Rand (CaraPio a RaRo) op Ufro beim SAFAB een Diplom deen déi gutt Aarbecht a de Projet am Ëmweltberäich mat der Ënnerschrëft vum Commissaire Générale beglaubegt. Wat interessant ass als Annexe fir un den CV.

Fir all déi dräi Altersgruppe vum Programm ginn et natierlech altersgerëscht Critèren an Aktivitéitsoploen. Déi Guide oder dee Scout dee Critèren erfëllt huet, also bei genuch Aktivitéiten derbäi war, kritt herno säi Weltscout Ëmweltbadge als Auszeechnung fir op seng Uniform, dëse gëtt op déi rietsen Aarm ënnert d’Fleurs de Lys an d’Kléiblatt gebitzt.

Zäitraum an Ëmsetzung

De Weltscout Ëmweltprogramm ass net eng kuerzfristeg Aktioun mä soll de normale Programm mat Aktivitéiten am Kader vun der Natur an Ëmwelt ënnerstëtzen an ausbauen. D’Chefmaîtrise déi sech entscheet dëse flotten an aktive Programm hire Memberen unzebidden, sollen op regelméisseger Basis Versammlungen, Sortien oder Weekender mat Aktivitéiten am Kader vum Weltscout Ëmweltprogramm am Beräich “Erliewen an Nodenken” an organiséieren (z.B. 1-2x am Trimester)

Ausserdeem soll ee Mol am Joer ee Komet, Expeditioun oder Entreprise mam Thema Ëmwelt gestart ginn, déi an d’Rubrik “Aktiv Hëllefen” vum Programm passt. Esou dass de Member am Kader vu sengem Zäit an der Branche den Ëmweltbadge och ka kréien.

Programm

De Programm besteet aus zwee Deeler, “Erliewen a Nodenken” an “Aktiv Hëllefen”.

1. Erliewen a Nodenken:

Bei dësen Aktivitéite geet et virun allem drëm d’Natur ze verstoen, d’Problemer vun der Verschmotzung méi nozebréngen an iewer Léisungen nozedenken. Mir beweegen eis hei ganz kloer am Kader vun der Ëmwelterzéiung, eppes wat de facto soll vum LGS Programm gehéieren. D’Maîtrise kann hei fäerdeg Aktivitéiten aus der Lëscht huelen an wann néideg iwwersetzen (d’Programmfichë sinn op Franséisch) oder eegen Aktivitéiten organiséiert. An dësem Kader kann dëst a Form vun Naturerfahrungsspiller, Ëmweltrallyen, Visiten an e Naturmusée oder Naturpark, eng Visite vun engem Waasserwierk oder Recyclingsanlagen, eng Diskussiounsronn oder Veillée zum Thema sinn. Et sief och bemierk dass den SAFAB um Neihaischen regelméisseg Naturerfahrungsaktivitéiten ubitt an dass am DZ eng Réi Spillkëschten an Bicher zum Thema zur Verfügung stinn. Ausserdeem kann een mat lokalen oder nationalen Naturschutzverbänn zesumme schaffen. Wichteg ass virun allem dass am Virfeld festgeluecht gëtt zu wat fir engem vun den fënnef Zieler d’Aktivitéit soll bäisteieren.

2. Aktiv Hëllefen:

Hei geet et drëms fir zesummen eng Aktivitéit auszeschaffen an auszeféieren déi am Kader vun engem Komet, Expeditioun oder Entreprise iwwert méi ewéi eng Versammlung leeft. Et geet dreems konkret eppes fir d’Ëmwelt ze maachen. Beispiller kennen eng Botzaktioun mat den Wëllefcher fir d’Gemeng oder enger Ëmweltorganisatioun sinn, op engem WE oder Auslandscamp een „Chantier Nature“ (Natur B.A.) ze starte wou een der lokaler Gemeng eng Faveur mëscht, Opklärung an der Gemeng ze maachen, säin Home méi Ëmweltgerecht ëmzebauen, etc. Wichteg ass hei och dass herno eng Evaluatioun gemaach gëtt (kuck och bei Progressioun). Et geet hei net drëms fir d’Welt ze rette mä een klengen Deel zur Verbesserung bäizedroen an eise Memberen eng gesont Relatioun zur Natur ze vermëttelen.

Dës solle via d’Fiche “WSEP - Aktiv Hëllefen” am Virfeld ugemellt gin an ee klenge Rapport (an engem Dokument) dono ausgefëllt ginn, flott Aktivitéite kennen och am Knuet publizéiert ginn (also Fotoe maachen)

Progressioun

D’Chef kënnen de Programm flexibel benotzen, et soll awer vun engem op den nächste Badge en Progressioun entstoen déi vun de klenge Problemer a Léisungen doheem zu engem méi globalen a vernetzen Denken an Handele féiere soll.

Bei “Erliewen an Nodenken”

(Biber a) Wëllefcher 

AvEx 

CaraPio (a RaRo)

Entdecken a Verstoen

Verstoen an Erklären

Erklären a Beweisen

Lokal Problematik

Lokal Problematik am Globale Kontext

Global Problematik

Bei Aktiv Hëllefen

(Biber a) Wëllefcher 

AvEx 

CaraPio (a RaRo) 

Eng Hand mat upaken

En Charge iwwerhuelen a mat upaken

Mat organiséieren a mat upaken

Dat direkt Notze vun der Aktioun op dPlatz evaluéieren

Direkt lokaalt Notzen evaluéieren an an en globale Kader setze kënne

Notze vun der Aktioun am Globale Kader kennen evaluéieren

Suivi

 

Ier een Grupp oder eng Branche vun engem Grupp beim Weltscout Ëmweltprogramm mat mëscht sollen si virdrun d’Fiche “WSEP – Umellung” ausfëllen an an d’Zentral un den SAFAB schécken.

Bei den “Aktiv Hëllefen” läit d’Responsabilitéit beim Chef fir d’Aktivitéiten am Kader vum Programm auszeféieren. No der Aktivitéit soll d’Fiche “WSEP – Suivi” ausgefëllt ginn, au Choix kann d’Branche och den Membere “Ëmweltbadge Kaarten” (SAFAB – mat der Umellung) ausdeelen an drop ënnerschreiwe wann eng Aktivitéit eriwwer ass.

D’Aktioun am Kader vun “Aktiv Hëllefen” gëtt mat enger Fiche “WESP – Activ Hëllefen” beim Verband ugemellt, dono gëtt den Rapport un de Verband vermailt. De Numm vun der Aktivitéit kennt op d’Ëmweltbadgekaart, fir déi di se benotze wëllen.

Badgë ginn et op Demande beim SAFAB (Zentral) nodeems een oder e pur Member vun engem Grupp seng Aktivitéiten no den Critèrë vum Weltscout Ëmweltbadge bei den LGS erfëllt huet. Fiche “WSEP -  Badge

Kontakt / Froen: wsep@lgs.lu Internet: lgs.lu

 

Critèrë fir den Weltscout Ëmweltbadge: 

(Biber a) Wëllefcher (bis 11 Joer)

1. Erliewen a Nodenken

Hei soll de Biber oder Wëllefchen un op mannst

1 Sortie an 3 Versammlungen 

deelgeholl hunn an dëst zu op mannst 3 verschiddenen Themen aus den 5 Zieler vum Weltscout Ëmweltprogramm

2. Aktiv Hëllefen

Ausserdeem soll de Biber oder Wëllefchen un engem Naturchantier oder engem Naturschutzprojet an der Famillen oder dem Ruddel deelgeholl hunn, a mat bei der Evaluatioun (Bilan) derbäi gewiescht sinn.

AvEx (11 bis 14 Joer)

1. Erliewen a Nodenken

Hei soll den Avex un op mannst

1 WE (oder 2 Sortien) an 3 Versammlungen 

deelgeholl hunn an dëst zu op mannst 3 verschiddenen Themen aus den 5 Zieler vum Weltscout Ëmweltprogramm

2. Aktiv Hëllefen

Ausserdeem soll den AvEx un engem Naturchantier oder engem Naturschutzprojet an der Trupp deelgeholl hunn, bei der Virbereedung als Persoun oder an der Patrull eng kleng Charge iwwerholl hunn a bei der Evaluatioun (Bilan) derbäi gewiescht sinn.

CaraPio (a RaRo) (> 15 Joer)

1. Erliewen a Nodenken

Hei soll den CaraPio oder RaRo un op mannst

1 WE (oder 2 Sortien) an 3 Versammlungen 

deelgeholl hunn an dëst zu op mannst 3 verschiddenen Themen aus den 5 Zieler vum Weltscout Ëmweltprogramm

2. Aktiv Hëllefen

Ausserdeem soll de CaraPio oder RaRo un engem Naturchantier oder engem Naturschutzprojet an der Trupp/Clan deelgeholl hunn, bei der Virbereedung eng Charge iwwerholl hunn, a bei der Evaluatioun (Bilan) derbäi gewiescht sinn.

AttachmentSize
Generel Info: WSEP - Info !!!!2.21 MB
Generel Info: WSEP - Method an Zieler !!!!189.82 KB
Formulär: WSEP - Umellung619 KB
Formulär: WSEP - Aktiv Hellefen (Umellung Aktiviteit a Rapport)796.5 KB
Formulär: WSEP - Badge (Demande fir de Badge)621.5 KB
Hëllefsdokument: WSEP - Suivi (Besser Iwersiicht am Grupp)575 KB
Hëllefsdokument: WSEP - Ëmweltbadge Kaart (fir de Member)237 KB
Infoblaat: Dem BP seng Sprech zur Emwelt260.35 KB
Infoblaat: WOSM seng Partner am Emweltberaich859.99 KB
Biber & Wëllefchers Activitéit: Feuilles collantes135.86 KB
Biber & Wëllefchers Activitéit: Devine quelle catastrophe je suis?397.94 KB
Biber & Wëllefchers Activitéit: Qu'ai-je fait aujourd'hui ?425.85 KB
Biber & Wëllefchers Activitéit: La chase aux dioxyde3 de carbone274.32 KB
Biber & Wëllefchers Activitéit: La nature par les senses365.63 KB
Biber & Wëllefchers Activitéit: Das Borkenkäferspiel306.42 KB
Biber & Wëllefchers Activitéit: Global Action Theme 7 - Umwelt217.99 KB
Biber & Wëllefchers Activitéit: Das Eichenhörnchenspiel254.63 KB
Biber & Wëllefchers Activitéit: Spiele basteln aus Naturmaterialien775.04 KB
Wëllefcher & AvEx Activitéit: Die Geräuschekarte249.84 KB
Wëllefcher & AvEx Activitéit: Bastelaktivität Papier schöpfen551.67 KB
Wëllefcher & AvEx Activitéit: Toolkit Ein Erlebnistag im Wald1.08 MB
Wëllefcher & AvEx Activitéit: Die Waldrallye zum Thema Baum297.69 KB
Wëllefcher & AvEx Activitéit: Die Waldrallye371.06 KB
Wëllefcher & AvEx Activitéit: Spiele basteln aus Materialien vom Baum150.69 KB
Wëllefcher & AvEx Activitéit: Toolkit ein Walderlebnistag zum Thema der Baum496.3 KB
Wëllefcher & AvEx Activitéit: Landart- der Baum241.4 KB
AvEx Activitéit: Préparez-vous à la catastrophe !144.93 KB
AvEx Activitéit: Le défi du sac poubelle185.44 KB
AvEx Activitéit: Les chaînes alimentaires et les produits chimiques385.2 KB
AvEx Activitéit: Etudions l'eau232.99 KB
AvEx Activitéit: Art naturel137.12 KB
AvEx Activitéit: Das Borkenkäferspiel306.42 KB
AvEx Activitéit: Das Eichenhörnchenspiel254.63 KB
CaraPio & RaRo Activitéit: Les catastrophes naturelles394.61 KB
CaraPio & RaRo Activitéit: Débat rapide sur l'énergie292.78 KB
CaraPio & RaRo Activitéit: Mon empreinte écologique145.98 KB
CaraPio & RaRo Activitéit: Conférence des espèces150.97 KB
CaraPio & RaRo Activitéit: La vie d'une Rivière149.65 KB
All Alter Activitéit: Phantasiereise der Baum erzählt aus seinem Leben228.47 KB