Fondatioun Lëtzebuerger Guiden a Scouten

Fondatioun "Guiden a Scouten am Déngscht vun de Jonken"

D'Fondatioun "Guiden a Scouten am Déngscht vun de Jonken", am Summer 2004 gegrënnt, soll dem Verband virun allem de Réck fräi halen, datt dee sech voll op déi allgemeng Ausriichtung an déi pedagogesch Aarbecht konzentréiere kann: d’Personal gëtt an Zukunft iwwer d’Fondatioun agestallt an d’Sekretariatskäschte sollen no an no ganz op de Schëllere vun der Fondatioun leien. Och de Projet "dGéisserei" gëtt vun der Fondatioun begleet an domat gi weder d’Aktivitéiten nach d’Finanze vum Verband duerch dëse Bau belaascht.

D’Fondatioun wäert awer och no an no versichen e Krees vu "Frënn vun den LGS" op ze bauen, déi de Mouvement ënnerstëtzen. Dës Weidere wäert d’Fondatioun den Opbau vun neie Gruppen a Projetë mat Jonken, déi manner favoriséiert sinn, ënnerstëtzen. D’Fondatioun kann och lokal Gruppe beim Bau vun hiren Infrastrukturen hëllefen.

D’Fondatioun gouf gegrënnt vun eiser Asbl, déi d’Demarchë gemaach huet an de «capital initial» opbruecht huet. D’Statute goufen de 6. August 2004 approuvéiert an den 20. August vum Notär enregistréiert.

D’Fondatioun finanzéiert sech aus dem Erléis vun hirem Kapital a Patrimoine, Donën a Subsiden. Donën un d’Fondatioun kënne vun de Steieren ofgesat ginn souwäit een am Joer en Total vun Donën iwwer 125,00 EUR noweise kann. D’Fondatioun léisst all Joer seng Konte vun engem «réviseur d’entreprises» kontrolléieren.

De Conseil d’administration vun der Fondatioun kann tëscht 5 an 11 Memberen hunn, woubäi de Commissaire général(e) vum Verband an de President(in) vun der Asbl «d’office» Member sinn.

AttachmentSize
Newsletter (November 2010)1.67 MB
Newsletter (Oktober 2009)717.58 KB
Newsletter (Februar 2008)1.25 MB
Newsletter (November 2006)841.38 KB
Newsletter (Summer 2006)933.88 KB

Conseil a Statuten

De Conseil d’administration vun der Fondatioun gesäit folgendermoossen aus:

President:
Jean Mischo
Vizepresident:
Georges Metz
Trésorier: Gilbert Beissel
Secrétaire: Sylvie Bisdorff
Memberen: Pierre Elvinger
  Jéiss Loos

Andrée Maquil

Theo Péporté
  Vic Rod
CoGée LGS: Carmen Schares
CoGé adj. LGS: David Heck

D’Fondatioun gouf gegrënnt vun eiser Asbl, déi d’Demarche gemaach huet an de «capital initial» opbruecht huet. D’Statute goufen de 6. August 2004 approuvéiert an den 20. August vum Notär enregistréiert.

Statuten

Den Artikel 2 aus de Statute beschreift d’Ziler vun der Fondatioun:

E Memorandum – deen am Kader vun den Diskussioune mam Justizministère ausgeschafft gouf preziséiert dës weideren déi konkret Projeten, déi d’Fondatioun sech virhëllt.

SAFAB

Service d'Assistance aux Formateurs et Animateurs Bénévoles (SAFAB)

(conventionné avec le Ministère de la Famille et de l'Intégration)

De Service d'Assistance aux Formateurs et Animateurs Bénévoles (S.A.F.A.B.) gëtt et zanter Abrëll 2000. Wéi den Numm et scho seet, ass d'Missioun vun dësem Service d'Ënnerstëtzung am Beräich vun der Animatioun an der Formatioun an de lokale Gruppen, also de Cheftainen a Chef, wéi och d'Aarbecht an d'Ënnerstëtzung um Verbandsniveau.

Am SAFAB schaffen am Moment 2 Educateuren, deenen hir Aufgaben hei méi genau beschriwwe ginn. Do dernieft schafft de SAFAB an enker Zesummenaarbecht mat der PS-Formateurin aus der Jugendpastoral, dem Daniela Steil, wéi och mat den Educateuren aus dem Jugendhaus zu Biissen, dem Patrick Bassegio.

 


Formateur: Claude Lamborelle

Als Formateur bekëmmert de Claude sech an enker Zesummenaarbecht mam Formatiounscommissaire ëm d'Formatiounen. Hien hält Sécherheetssessiounen um Tronc Commun, STIP  a STAP a ka punktuell fir spezifesch Formatiounen agesat ginn. Hien ass Member vun der Formatiounsekipp an hëlleft beim Projet Interkulturell Ëffnung. De Claude hëlleft beim Ausschaffe vu Konzepter. Hien ass de Vertrieder vun den LGS an der "Commission Consultative à la Formation".

E weidere wichtege Pilier vum Claude senger Aarbecht ass den Dokumentatiounszenter (DZ) an der Géisserei. Hei ass deelweis Pionéieraarbecht ze leeschten, vun där eis Membere laangfristeg profitéiere sollen.

De Claude ass Pätter vun 29 lokalen LGS-Gruppen

e-Mail: claude.lamborelle@lgs.lu
Tel.: 26 94 84 26
Handy: 621 277 595


Animateur pédagogique: Tom Lahr

Den Tom schafft gréisstendeels um Neihaischen am Centre de Formation et d'Animation Nicolas Rollinger. Hien organiséiert (an Zesummenaarbecht mat selleche Benevolen, Aarbechtsgruppen, Fierschteren an Experten) Aktivitéite ronderëm de Site Native Village, virun allem am Beräich Ëmwelterzéiung.

Als Member vun der Programmekipp schafft den Tom enk mam Programmcommissaire zesummen.

Den Tom organiséiert zesumme mam respektive Grupp de Chefdag am September.

Den Tom ass am Aarbechtsgrupp Material. Hei kuckt hien nom Entretien vun eisem aktuelle Material an dem Akaf vun neiem Material.

A genee wéi de Claude ass och den Tom Pätter vun 29 lokalen LGS-Gruppen.

e-Mail: tom.lahr@lgs.lu
Tel.: 26 94 84 29 oder den 35 76 45
Handy: 621 277 596

Camp a Frankräich

 

Wann dir mat äre Guiden a Scouten a Frankräich op e Camp wëllt fueren, da kënnen dës Dokumenter iech weiderhëllefen.

Wann dir Froen hutt, da mellt iech um Tel.: 26 94 84 1.

AttachmentSize
CAF - Infos Camp a Frankräich306.97 KB
CAF - Declaration accueil scoutisme en france46.85 KB
CAF - Conditions d'activités193.39 KB
CAF - Registre de soins161.65 KB