Avex

Branche AvEx

DEADLINE VERLÄNGERT - AvEx: Camp "Vis-tes-Rêves" 2012

Léif AvEx-Chef

Nach kee Plang wou d'Rees am Summer 2012 mat ären AvEx soll hi goen?

Loscht emol eng Kéier e Camp a Frankraich ze maachen? 

AvEx-Absurdcup zu Cents

17. June 2012 - 9:00 - 17:00

AvEx Cheftreff

25. November 2011 - 19:00

Cheftreff Freideg, de 25.11.2011
De 25. November ass onsen traditionellen Cheftreff an der Géisserei.
Rendez-vous ass um 19h00. Mir proposéieren iech dëst Joer ee Mix vu verschidden Aktivitéiten.

AvEx-STIP 2011

28. October 2011 - 18:00 - 31. October 2011 - 16:00

Salut alleguer


elo gleich ass et nees esouwäit an den AvExStip 2011 ass voll amgaangen. Wanns du also wells Assistent-Truppechef ginn dann mell dech un. De Formulaire F07A fenns du am Download-Deel. Fëll deen aus a schéck en an Zentral.


Vum 28.10. Freides owes 18.00 Auer bis den 31.10 Meindes geint 16.00 Auer um Neihaisgen.


50 € sinn z’iwwerweisen op de Kont bei der : BILLLULL IBAN LU84 0029 1827 9835 2300
vun de „Lëtzebuerger Guiden a Scouten, Branche AvEx“ mam Vermierk „STIP AvEx 11 + Numm a Virnumm vum Kandidat“.  Bis speitstens den 20. Oktober soll een ugemellt sin!!


Nëmmen esou sidd dir definitiv ugemellt.



Thema ass: "WASABI" also denkt drun Iech eng Verkleedung ze
bastelen a matzebrengen.

Dei Woch virum Stip kritt jidereen deen ugemellt ass e Breif mat Détailer
per Mail.

Leit dei just d'AvExmethode mussen maachen, well se d'Branche wiesselen,
geifen och am beschten de ganze Weekend kommen.

Mat beschte AvEx-Gréiss

Fränz


Oetzi-Camp /SAFAB-Aktivitéit fir AvEx

2. June 2011 - 0:00 - 5. June 2011 - 0:00

AvEx Camp “Oetzi on tour”
vum 2. – 5. 6. 2011 um Neihaischen
Hues du Loscht
….op eng Zäitrees e puer dausend Joer zréck an
Vergangenheet?
….e puer Deeg esou ze liewen wéi den Oetzi, absolut authentesch?
…..an Zäit vum 2.-5.6.2011
….spannend, nei a verreckten Aktivitéiten ze erliewen?
……op Natur pur?
dann mell dech ganz schnell un, well….

Umeldung- Avex, Gemittlechen Owend

11. March 2011 (All day)

Mir treffen ons heifir de Freide 25. Mäerz um 19h00 am Keltenhaus um Neihaischen. Bei Lagerfeier, Iessen a Gedrénks muss dëst einfach ... gemittlech ginn.

Virbereedungsversammlung-AvEx Absurdcup 2011

7. March 2011 - 20:00

Den Absurdcup 2011 ass zu Leideleng de sonnden 19.Juni.

Detailer kommen am Contact 5 am abrëll eraus.

Elo brauche mer awer Chef, déi bei der Organisatioun an den Dag selwer mathëllefen.

Eischten Rendezvous ass den 7. Mäerz um 20 Auer zu Leideleng am Scoutschalet.

Wanns de interesséiert bass mell dech un bei avex@lgs.lu!

 

AvEx-Gemmittlechen Owend am Keltenhaus

25. March 2011 - 19:00 - 23:00

Gemittlechen Owend 2011
Ewéi um Chefdag ugekënnegt, bitt d’AvEx-Equipe dëst Joer eng nei, 100% gemittlech Aktivitéit un.
De “Gemittlechen Owend” huet näischt mat Formatioun, Recyclage oder ähnlech ofschreckende Begrëffer um Hutt. Dësen Owend ass un all AvEx-Chef geriicht a geduecht fir al Frëndschafte vum Adventum, Stip, Stap etc. um Liewen ze halen oder frëscher ze knäppen.