#ScoutenDoheem – Aktivitéiten

Léif Guiden a Scouten, léif Kanner a Jonk, léif Elteren,

Duerch déi aktuell sanitär Kris falen all Aktivitéite vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten op mannst bis de 4. Mee aus. Fir onse ville Kanner a Jonken awer net alles ze huelen, proposéieren d’LGS vun haut un all Woch a fir all Branche Aktivitéiten ënnert dem Motto #ScoutenDoheem. Et sollen awer och Kanner a Jonker déi net bei den LGS Member si gäre matmaachen.

Et sinn einfach a kleng Aktivitéiten déi all Kand a Jonken och an den aktuelle Konditioune vum Confinement soll kënne maachen, natierlech fräiwëlleg a ganz ouni Drock. Dofir schécke mer och „just“ eng Aktivitéit pro Woch. All Woch steet ënnert engem aneren Thema, esou sollen d’Aktivitéiten net repetitiv ginn.

Mir schécken d’Aktivitéite vun alle Branchë mateneen an u jiddereen, esou kann een natirlech och d’Aktivitéite vun den aner Branchë kucken a probéieren.

Wee wëll soll seng Aktivitéit och dokumentéieren (Foto, Film, Toun, …) an op onse Site eroplueden. Fir déi éischt Aktivitéit (Woch virun Ouschteren) vergi mer de beschten a kreatiivsten Aktioune flott Kaddoe fir all Branche!

Dréck hei fir däi Fichier/deng Fichieren eropzelueden

Dofir léif Guiden a Scouten, léif Kanner a Jonk, bleift aktiv, bleift positiv, bleift gesond a maacht all mat!

Mat de beschte Guiden- a Scoutsgréiss

D’Programmekipp zesumme mat de Branchen-Ekippen.

Dréck op e Bild fir et méi grouss ze maachen

Woch 9
Woch 8
Woch 7
Woch 6
Woch 5 (FR)
Woch 4
Woch 3
Woch 2
Woch 1