Share my Scoutivity

SMS Pinwand - hei klicken

SMS steet fir SHARE MY SCOUTIVITY

  • Dir wëllt op e Camp, kënnt dat awer aus diverse Grënn net sou ouni weideres maachen?
  • Dir sicht e flotten Austausch an géift gären zesummen mat engem anere Grupp e Weekend erliewen.
  • Dir hutt nach vill Plaz an ärem Bus a sicht Leit déi mat Iech ginn op är Aktivitéit?
  • Da sidd der hei genee richteg!


De Safab huet sech eng Formule iwwerluecht, déi den Austausch tëscht de Gruppen an tëscht den eenzelne Guiden a Scouten vereinfachen a verstäerke soll, an et dobäi och erlabt, datt d’Gruppen kënnen Ennerstëtzung fannen, wa si der brauchen.

Elo emol eent nom aneren! Also, „SHARE MY SCOUTIVITY“ besteet aus dräi Elementer, déi ab dem Chefdag 2009 lancéiert goufen. Dës dräi Elementer sollen aneneegräifen an esou en efficacë Réseau fir är Aktivitéite schafen. Hei ass de Link:

SMS Pinwand

Wat sinn déi dräi Elementer vum „SHARE MY SCOUTIVITY“ ?

  1. „Ech bidden...“ bezitt sech op all déi Gruppen déi amgaang sinn eng flott Aktivitéit ze plangen oder dës och scho geplangt hunn, a frou wieren, wann en aneren Grupp géif bei dëser Aktivitéit matmaachen.
  2. „Ech sichen...“ funktionnéiert genee ëmgedréint. Wann e Grupp (egal aus wéi engem Grond) sech schwéier deet eng gréisser Aktivitéit eleng ze organiséieren, da sollen déi sech op dësem Wee mellen, fir vun eis un en „Ech bidden...“-Grupp weider vermëttelt ze ginn.

    Dës zwee éischt Elementer erlaben et d’Ustrengungen an d’Erfahrungen ze bündelen an esou en interaktiven Guidissem/Scoutissem ze liewen.

  3.  „Experten-Pool“ adresséiert sech un eenzel LGS-Memberen déi iwwert besonneg Fäegkeeten a spezifische Beräicher verfügen a mat dëse Kompetenzen an Erfahrungen gären gezilt géifen engem anere Grupp hëllefen. Wann dir also gutt mat Kaart a Kompass eenz gitt oder besonnesch stabil Konstruktiounen baue kënnt oder gäre fir e Grupp kacht oder iwwert soss Talenter verfügt, da mellt iech einfach am Experten-Pool. Niewent dëse punktuellen Interventiounen wier et natierlech och flott, wann e puer al Huesen sech eventuell bereet géifen erklären fir e ganze Camp ze begleeden.

An deem Sënn wäerten och d’Educateuren aus dem SAFAB aktiv ginn an hir Offer maachen. Fir 2009/2010 plange mir z. B. eng flott Sortie fir Biber an och eng spannend Aktivitéit fir Cara-Pio. Esou sollen och eis Interventiounen méi gezilt ginn, awer och op der anerer Säit eis et erméiglechen iwwert d’Coordinatioun vum „SHARE MY SCOUTIVITY“ är Proposen a Besoinen besser ze kennen, an ärt Wëssen a Kënnen méi effizient anzesetzen.

Wann dir eng Offer oder Demande fir eng vun deenen 3 Rubriquen hutt, da mellt Iech via Telefon oder Mail a mir këmmeren eis drëms datt är Info (mat ärem Accord) hei um Internetsite an och am Contact oder e-Contact publizéiert gëtt.

Lëtzebuerger Guiden a Scouten
c/o Claude Lamborelle (SAFAB)
5, rue Munchen Tesch
L-2173 Lëtzebuerg

claude.lamborelle@lgs.lu

Tel: 26 94 84 26

 

SMS Pinwand

AttachmentSize
SMS-Formulaires_C.doc71 KB