Nei um Site
-
1 hour 10 min
-
1 hour 31 min
-
1 day 10 hours
-
5 days 11 hours
-
1 week 3 hours
Een eenheetlecht Optriede vum Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten ass wichteg fir bei der Ëffentlechkeet Gehéier ze fannen. Duerfir leet de Verband Wäert op:
• eenheetlecht Aussoen iwwer de Mouvement
• méiglechst eenheetlecht Ausgesinn vun de Publikatiounen
Wichteg Elementer vum Corporate Design sinn:
Benotze vum Verbandsoofzeechen
Benotze vun de Verbands-Schrëften (* just fir Chef)
Benotze vun de Faarwen
De «Contact» ass d'Zeitung déi sech un d'Chef vun de Lëtzebuerger Guiden a Scoute riicht. De «Platte Knuet» ass d'Zeitung fir all eis Memberen
Den LGS Dépliant ass eng generel Erklärung vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten. Dir kënnt deen benotzen fir Reklam fir ären Grupp ze maachen. Den Dépliant existéiert an 3 verschidden Versiounen (L, F, P)

D'Austellung, déi op all méiglechen Zorten vun Manifestatiounen (allerdengs net bei Reen a Wand !!) ze benotzen ass, besteet aus 5 zesummenhängenden, didaktesch opgebauten Panno'en, déi een vun elo un an der Zentral ausléinen kann.
Den DVD mat de Filmer iwwer d'ONG, RaRo an d'LGS stinn am DZ. Dir fannt se awer och hei um Site ënnert lgs.lu/films