Déi Centser, well de komplette Grupperot op de Kanu kënnt!
Paddelen äh surfen op
Nei um Site
-
3 days 10 hours
-
3 days 10 hours
-
3 days 10 hours
-
3 days 10 hours
-
1 week 1 day
Agenda
![]()
De Ben Evol. Mir wäerten och gläich verrode, firwat.
All (Géige)propose op chefvunderwoch@lgs.lu oder gruppvummount@lgs.lu
Campplaz Fënsterdall
Ni vu ni connu: d‘Campplaz vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten am «Fënsterdall»
De Fënsterdall bei Miersch ass e Geheimtip ënnert de Campplazen zu Lëtzebuerg. Se gehéiert der A.s.b.l. vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten a steet all Grupp zur Verfügung:
• se ass ideal fir Gruppen bis maximal 100 Campeuren
• se ass op tëschent Ouschtren an Allerhelljen
• op der Wiss matzen am Bösch sin en Iwwerdag, eng Féierpalz an chemesch Toiletten an der Camping’ssaison
• di idylesch Campplaz ass accessibel fir Gefirer an et gin eng hallef Dozen Parkingsméiglechkeeten
• op der Plaz fënnt een en Drénkwaasseruschloss an d‘ Féierholz kann ee ronderëm am Bösch oprafen
• d‘Konstruktiounsholz gët op Demande (op manst zwou Wochen am Viraus) op engem Wôn op d’Campplaz gestallt fir d’Zäit vum Camp, dës Ufro kann natiirlech direkt an dem Réservéirungsformulaire gemat gin; verbëtzen Dënnestaangen musse leider verrechent gin
• 12 € pro Dag kascht d’Basislocatioun fir mat enger Trupp 24 Stonnen am Fënsterdall ze campéieren; 10 € pro Dag pro 8 Léit kommen fir d’chëmesch Toilette dobei
• fir méi Informatioun a Réservatioun, contactéiert w.e.g. de Verwalter Jeannot Bourg:
Tel: 23 63 04 77
GSM: 621 18 45 53
Fax: 26 61 04 77
Email: bourgj@pt.lu
Internet: www.scotel.lu
| Attachment | Size |
|---|---|
| Panneau Fënsterdall.pdf | 381.15 KB |












