100% Guide a Scout

Concours “100%Bësch 100% Guide a Scout”

-

Allgemeng:

 

D‘Zil ass, dass all Grupp sech Gedanken zum Mot d’Ordre mécht, en thematiséiert a konkret ëmsetzt. Duerch e Concours (mat flottem Präiss) ginn d‘Gruppen zum Matmaache motivéiert.

 

Regelen fir de Concours

 

En Dag an der Natur

-

An der Broschüre "En Dag an der Natur" fann der déi verschiddenst Natur Aktivitéiten (Wanderungen, Visiten, ... awer och de Bealtaine) déi tëschent dem Abrëll an August 2011 vun de verschiddensten Organisatiounen ugebueden ginn.  Villäicht ass och eppes fir ären Grupp derbäi.

100 Joer Guiden, 100% Guide a Scout...

Infoen iwwert de Centenaire vum Guidissem, dem Guidissem zu Lëtzebuerg, eisem Mot d' ordre 100% Guide a Scout mat Schweierpunkt op dem internationale Joer vun de Bëscher fann der an dësem Wort Artikel.

100% Guide a Scout

De Mot d'Ordre 2010-2011 vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten ass "100% Guiden a Scouten"
Op dëse Säite fannt dir e puer weider Dokumenter:

Logbuch

“2011, internationalt Joer vun de Bëscher”(UNO), och fir Lëtzebuerger Guiden a Scouten

-

„Gott hat uns eine Welt zum Leben gegeben, die voller Schönheiten und Wunder ist, und er hat uns nicht nur die Augen gegeben, um sie zu sehen, sondern auch den Verstand, sie zu verstehen, wenn wir nur die Vernunft haben, sie in diesem Lichte zu sehen.“

 

Quelle: Letzte Botschaft Baden Powells an die Pfadfinderinnen

 

Allgemeng:

De Weltscout Ëmweltprogramm

-

De Weltscout Ëmweltprogramm (WSEP) offréiert Methoden, Ressourcen an Initiativë fir dass d’Scoute ronderëm d’Welt zesummen un enger verbesserter Natur an Ëmwelt, (lokal a global), schaffe kennen.

Ënnert desem Text fann dir all wichteg Dokumenter a Formulären fir den WSEP. D'WSEP-Info an WSEP-Methoder a Zieler w.e.g liesen, an iech umellen ier dir den Programm ufänft.

100% Guide a Scout "FIT BY NATURE"

-
D'Erhalen vun Naturschutzgebidder ass op bénévol Hänn ugewisen. 
Leescht och du däin Beitrag andeems de zum Beispill zu Monnerech beim Ënnerhalt vun Hecken hëllefs, oder zu Ettelbréck léiers Viz maachen,... .

Global Action Themes

-

D’Global Action Themes vun WAGGGS sinn op d’Millenium Development Goals vun der UN opgebaut. Di nofollegend Dokumenter bidden iech eng 1. Méiglechkeet fir dёs wichteg Sujeten mat ären Kanner ze thematiséiren. Verdéiwend dozou gёtt et di eenzel Toolkits di aus Aktivitéiten an Spiller bestin mat deenen dir komplett Versammlungen halen kennt.